D'BADGER-Pellets® ginn op de komplett integréierte Bio-Siten zu Latour an Thimister an der Belg an zu Biissen (KIOWATT - www.kiowatt.lu) zu Lëtzebuerg produzéiert.
Iwwert eis
Eisen Engagement
Zertifizéiert Qualitéit!
Mir engagéieren eis fir Holzgranulat-Brennstoff (BADGER-Pellets®) ze produzéieren, déi 100% natierlech an vun héijer, konstant certifiéierter Qualitéit sinn, an dat alles mat Ëmweltschounender Technik.
Dës Qualitéit gëtt vun eisen DINplus an ENplus A1 Zertifikater garantéiert. Mir kontrolléieren d’Qualitéit intern iwwert eis Laboratoiren nach während der Produktioun an iwwert extern Auditen (Agrééiert Laboratoiren,…)
Méi gewuer ginnLokal Produktioun
Eis 3 komplett integréiert Bio-Siten, befannen sech an der Wallonie an der Belge (Recybois zu Latour an Woodenergy zu Thimister) wéi och zu Lëtzebuerg (Kiowatt zu Biissen).
Mir hunn eis virgeholl eis heemesch Holzressourcen lokal an voll integréiert ze valoriséieren! An dësem Kader hunn mir de label BOIS LOCAL ausgeschafft, den Iech garantéiert dat eisen Holz Approvisionnement an lokale Bëscher vu statte geet!
Méi gewuer ginnEng Durabel Bësch-Gestioun an de Respekt vun der Holzkaskade!
Eis Pellets ginn aus Holz, direkt aus lokale Bëscher, déi durabel geréiert ginn, produzéiert. Mir sinn PEFC-zertifizéiert.
Fir d’Holz dat mir benotzen ënnerleien dem Prinzip vun der Duerchforstung fir eng natierlech Gestioun vun de Bëscher un.
Dat gutt Holz, soubal et Seebar ass, Initialiséiert eis Bio-Découpe Unitéit an gëtt zu Brieder, Gespär an Palette verschafft.
Et sinn déi Nieweproduite vum Seeën, déi Fréier als Offall consideréiert goufen, déi haut als Energie fir Äre Chauffage, vun eise Gemengen, Veräiner an der Industrie, revaloriséiert ginn. Dësen erneierbaren an lokalen Brennstoff ersetzt also déi importéiert fossil Brennstoffer wéi Mazout an Gas.
Méi gewuer ginnPropper Energie an en eemolegen C02 Bilan
D’Energie (a Form vun Hëtzt an Stroum) déi mir fir d’Produktioun vun BADGER-Pellets® asetzen, setzt sech aus selwer produzéierter, grénger Energie zesummen, déi mir aus eisem Heizkraftwierk an eisem “Kraaft-Wiermt-Keelt-Kopplungswierk bezéien (an ginn mat verbrauchtem Holz Initialiséiert).
D’Integratioun vun eisen Aktivitéiten (integréiert Bio-Siten) an den Asaz vun lokalem Holz, erlaben eis d’Transportweeër staark ze verkierzen an sou Treibhausgaser op een minimum ze reduzéieren.
Eisen CO²-Bilan gëtt vun der spezialiséierter Entreprise CO²LOGIC gerechent. (d’Étude ukucken). Dës Etude sträicht exemplaresch Resultater vun eisen CO² Emissiounen erfier an dëst souwuel par Rapport zu Fossille Brennstoffer wéi och par Rapport zu de Pellets vun der Konkurrenz. Duerch eise Modell vun enger circulärer Economie, eis Pellets hunn en negativen CO²-Bilanz!
Méi gewuer ginnEn Top Liwwerungsservice direkt virun d'Dir, am Sak oder als Schüttgut!
En extrem efficacen BADGER-Pellets® Distributeursreseau, fir Iech eise Brennstoff zu de beschten Conditioune ze liwweren (Qualitéit bis bei den Consommateur), am Sak oder als Schüttgut, Summer a Wanter.
Den BADGER-Partner-Distributeursreseau verfügt dofir iwwert eng eenzegaarteg Camion-Flotte, déi speziell un de Soufflage vu BADGER-Pellets® adaptéiert sinn (Niddreg-Drock-Soufflage), an iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System disposéieren. Klickt hei fir méi iwwert eisen Schüttgut-Liwwerungsservice gewuer ze ginn.
D’Pellet-Demande verleeft saisonal an erreecht kuerz virum Wanter den héchsten Stand vum Joer. Dofir huet BADGER-Pellets® mat enormen Stockage-Installatiounen (méi wéi 30.000t) virgesuergt. Och wann d’Demande nach esou héich ass, bei eis gëtt et keng Rupture de Stock. Well Dir de Brennstoff dann braucht, wann et kal ass!
Wat eis Säck ugeet, hu mir eis beim Choix un eis Philosophie gehalen. Mir benotzen just héich qualitativ, recycled an recycléierbar Pabeiersäck. Bei BADGER-Pellets® sammelt dir keen Plastik doheem un, dir kënnt se einfach an de Pabeierkuerf geheien!
Revendeur ginn?
Dir sidd e Profi, Dir verkaaft Pellets, Heizungen (Uewen, Chaudièren, ...) an Dir wëllt BADGER-Pellets® Revendeur ginn? Zéckt net eis ze kontaktéieren! Mir kontaktéieren Iech sou séier wéi méiglech!
Eis Produktiounssite
Eis 3 komplett integréiert Bio-Siten, befannen sech an der Wallonie an der Belge (zu Latour an zu Thimister) wéi och zu Lëtzebuerg (Kiowatt zu Biissen).
Et sinn veritable Exzellenz-Zentren vun enger Circulaire Economie! Bei BADGER-Pellets® geet einfach näischt verluer. D’Holz gëtt an all senge Formen agesat, mam Zil him bei all Etappe een Maximum un Valeur ze ginn.
Latour
Thimister
Roost
Eis offiziell Distributeuren
En extrem efficacen BADGER-Pellets® Distributeursreseau, fir Iech eise Brennstoff zu de beschten Conditioune ze liwweren (Qualitéit bis bei den Consommateur), am Sak oder als Schüttgut, Summer a Wanter.
Den BADGER-Partner-Distributeursreseau verfügt dofir iwwert eng eenzegaarteg Camion-Flotte, déi speziell un de Soufflage vu BADGER-Pellets® adaptéiert sinn (Niddreg-Drock-Soufflage), an iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System disposéieren.
-
Belge
-
-
Lëtzebuerg
-
-
Holland
-
-
Frankräich (limitéiert Zonen)
-
Historique
2,5 Milliounen Euro-Paletten/Joer
150,000 Tonnen/Joer DIN plus an EN plus A1
75 GWh gréng Energie/Joer
-
1980
1980 : Grënnung vun der Paleterrie François vum Pierre et Bernard François. Produktiounskapazitéit: 1000 Palette/Dag. Kuerz duerno koum de Bau vun enger Seeërei zu Rodange (Lëtzebuerg).
-
1997
Wichteg Investitiounen fir D’Produktionskapacitéiten op hiren aktuellen Niveau vun 12.000 Pellets pro Schicht ze bréngen. D’Paletteries François ginn zum gréissten Holz-Emballage-Produzenten an der Belge. Kuerz drop, gouf d’Societéit GENPACK gegrënnt fir Mandrins-Kartron ze produzéieren.
Energeteschen Valoriséierungsprogramm vun Produktiounsiwwerreschter duerch eng 2MW-Chaudière. Zil: d’Gebai wiermen an Séchage-Zellen vun den Euro-Paletten alimentéieren.
-
2004
D’Palleterie ënnerhëlt zesummen mat “Intercommunalité” IDELUX d’Étude:
- Vun enger Cogénératioun mat Holzoffäll aus 55 verschiddenen Plazen aus der Province de Luxembourg
- Eng nei Seeërei mat enger Kapazitéit vun 100m3 Stammholz/Stonn
- Eng Granulat-Produktiounsunitéit vun Offallholz mat 45.000t/Joer. Dës Pellets, am Sak oder als Schüttgut, kréien de Predikat BADGER-Pellets!
Dës komplett integréiert Recycling an Valoriséierungsaktivitéit vun der Ressource Holz goufen an der Sociétéit RECYBOIS regruppéiert vun där de Grupp en Undeel vun 55% hält.
-
2006
De Groupe François këmmert sech ëm d’Collecte, d’Logistik, de Recycling an de Packaging an Europa. Hien ass am Besetz vun engem Gebai vun 13.000m2 WOODLOG).
-
2009
Mat der lokaler Philosophie virun Aen an fir Clienten an der Regioun mat Pellets ze versuergen huet de Groupe Francois eng 2. Unitéit kaf fir sou zu Thimister-Clermont 50.000tBADGER-Pellets méi am Joer ze produzéieren. Dës Sociétéit heescht haut WOODENERGY.
-
2012
Fir d’Performance vu sengen Outille nach besser ze notzen an säin Know-How nach besser anzesetzen, huet de Groupe Francois, zesummen mat sengem lëtzebuergeschem Partner LUXENERGIE, eng 3. Sociétéit mam NummKIOWATT. zu Lëtzebuerg gegrënnt. Dës 3. Unitéit produzéiert och nach eng Kéier 50.000t BADGER-Pellets/Joer an g´reng Energie.
Mat sengen komplett integréierten Bio-Siten, ass d’Productioun vun BADGER-Pellets gescheit positionéiert an ageriicht fir dem Client dat ganzt Joer iwwer een Qualitéitsproduit ze liwweren!
-
2016
De Groupe François, ass haut:
240 Aarbechtsplazen
2,5 Milliounen Paletten/Joer
150.000t DINplus an ENplus A1 certifiéiert Pellets vun der Marque BADGER-Pellets an als Schüttgut oder am Sak geliwwert
75 GWh grénge Stroum/Joer produzéiert
Eise Produit an engem Packaging op Mooss
Eis BADGER-Pellets® verpake mir ganz no Äre Besoinen an respektéieren déi héich Qualitéit vum Produit.